Déclaration Jumelage Weilburg

DECLARATIOUN

bei Geleeënheet vum Jumelage vun de Gemengen

Weilburg an der Lahn (Bundesrepublik Däitschland)

a

Colmar-Bierg (Groussherzogtum Lëtzebuerg)

D’Gemengeréit vu Weilburg an der Lahn a Colmar-Bierg hunn décidéiert, e Jumelage anzegoen.

Si verspriechen, sech am Geescht vun enger besserer Verstännegung ze beméihen een vun deem aneren ze léieren a sech géigesäiteg ze hëllefen, fir esou d’Bierger aus deenen zwou Gemengen méi no zesummen ze bréngen.

Si sinn der Iwwerzeegung, datt frëndschaftlech Bezéihungen net nëmmen fir d’Wuel vu béide Gemengen a Länner, mee och fir den Zesummeschloss vun allen europäeschen Natiounen eng wesentlech Viraussetzung sinn.

Si déclaréieren hire feste Wëllen, duerch de Jumelage vun de Gemengen Weilburg an der Lahn a Colmar-Bierg d’Frëndschaft tëschent deenen zwee Völker ze festegen an domat zu engem a Fridden a Fräiheet geeenten Europa bäizedroen.

De Jumelage gouf duerch Gemengendélibératiounen festgehal, dëst zu

Weilburg an der Lahn, den 13.05.2004

Colmar-Bierg, den 22.04.2004

Hans-Peter Schick 

Buergermeeschter vun der Stad

Weilburg an der Lahn

Fernand Diederich

Député-Maire vun der Gemeng

Colmer-Bierg

Colmer-Bierg, de 06. Oktober 2006
Dernière modification le 14/02/2024
Aller au contenu principal