Familljefest 2023

Familljefest 2023

Save the Date !
 
D’Familljefest am Park zu Colmer-Bierg ass oppe fir jiddereen, a bitt och dëst Joer erëm flott Animatioun fir déi ganz Famill. Fir Gedrénks an Iessen suergt d’Entente vun de Veräiner Colmer-Bierg. D’Entrée ass gratis.
 

La fête familiale dans le parc de Colmar-Berg est ouverte à tous et propose cette année encore de superbes animations pour toute la famille. Les boissons et la nourriture sont assurées par l’Entente vun de Veräiner. L’entrée est gratuite.

 

The family festival in the park in Colmar-Berg is open to everyone and offers great entertainment for the whole family again this year. Drinks and food will be provided by the Entente vun de Veräiner Colmer-Bierg. Admission is free.

Biergerbedeelegung

Biergerbedeelegung

Um 20 Abrëll war zu Colmer-Bierg an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Biissen d’Virféierung vum Film “Eng Äerd”. Fir béid Gemenge war dat gläichzäiteg den Optakt vun den Assisen, déi eng Biergerbedeelegung zu dem Thema Klimaschutz bidde soll. Ënnert de Spectateure gouf no dem Film vun der Associatioun CELL eng Ëmfro iwwer déi Theme gemaach, déi an engem zweete Schrëtt vun den Assise verdéift ginn. Hei sinn d’Resultater vun dëser Ëmfro. Wann Interessi besteet un dësen Assisen Deel ze huelen, och wann Dir net beim Film dobäi waart, kennt Dir Iech gäre per Mail beim Klimateam mellen.

Klimapakt zertifizéiert

Klimapakt zertifizéiert

D’Gemeng Colmer-Bierg huet um Klimapaktdag hier 50% Zertifizéierung iwwerreecht kritt. Et feelen eis nach 1,8% fir bis op déi nächst Stuf ze kommen. Mir setzen all eist Engagement an, datt dëst Zil geschwënn kann erreecht ginn.

La commune de Colmar-Berg a obtenu sa certification de 50% le jour du Pacte Climat. Il nous faut encore 1,8 % pour atteindre le niveau suivant. Nous nous engageons tous à atteindre rapidement cet objectif.

Mobile Bag

Mobile Bag

De Projet Mobile Bag ass eng Partnerschaft tësche POSTDigital Inclusion an SOLINA Aarbechtshëllef asbl déi als Ziel huet al Handyen déi an eisem Tirang verschwonne sinn ze recycléieren an déi neisten nees fit ze maachen fir den bedierftegen Bierger am Grand-Duché ze ginn.

De “Mobile Bag” fir bei dëser Aktioun matzemaachen kritt Dir op der Gemeng.

Le projet Mobile Bag est un partenariat entre POSTDigital Inclusion et SOLINA Aarbechtshëllef asbl qui a pour but de recycler les anciens smartphones et GSM qui dorment dans nos tiroirs et de remettre en état les appareils les plus récents afin de les donner à des personnes dans le besoin au Luxembourg.

Pour participer à cette initiative, vennez chercher votre “Mobile Bag” à la mairie.

 

The Mobile Bag project is a partnership between POSTDigital Inclusion and SOLINA Aarbechtshëllef asbl. Its objective is to recycle old smartphones and mobile phones gathering dust in our drawers and to refurbish the most recent devices in order to distribute them to people in need in Luxembourg.

Get your “Mobile Bag” at the municipal administration.

Aller au contenu principal